Du bass op der Sich no dengem Dramrack?

Bei eis fënns du fir all Budget ee grousst Sortiment u schéine Kleeder, déi oft just eemol gedroe gi sinn oder souguer neiwäerteg sinn! Virun allem bei de Brautkleeder, awer och bei de Cocktailkleeder hu mir duerch eis Collaboratioune mat verschiddene Buttiker ganz vill Outlet-Räck am Sortiment, déi deemno fonkelnei sinn a ni gedroe gi sinn. Mir hunn vu Bijouxen, iwwer Poschen bis bei Schung awer och verschidden Accessoiren déi däi Look komplett maachen. 

  • IMG_6815
  • IMG_6802
  • IMG_6816
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.37.54
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.39.06
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.39.19
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.39.32
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.40.22
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.40.34
  • Bildschirmfoto 2024-02-12 um 09.40.48


Virdeeler vun engem secondhand Rack:

  • Opwänneg, oft an handaarbecht hirgestallte Kleeder kréien eng zweet Chance
  • D'Räck sinn direkt disponibel, et gëtt keng Waardezäit, du kanns däi Rack direkt mathuelen an esou nach ganz spontan a kuerz virun denger Hochzäit oder engem Event ee wonnerschéine Rack fannen
  • Et rentéiert sech fir däi Portemonnaie
  • du dréits zu engem Deel zu Nohaltegkeet bäi a méchs esou eppes Guddes fir d'Ëmwelt! :-)


Wéi leeft et of fir ee Rack ze kafen?

Rendez-vous

Iwwert de Formulaire ënnen op der Säit kanns du dir ee Rendez-vous ufroen oder och eis deng Disponibilitéite fir ee Rendez-vous matdeelen. Mir bestätegen dir de Rendez-vous per Mail. 


Dressing-Party fir d'Bridesmaids

Du sichs schéi Räck fir deng Brautjongferen? Ma dann ass eng Dressing-Party villäicht genee dat richtegt fir iech! Lued deng Brautjongferen bei dech an a mir komme mat gudder Laun a ville Wéckel- oder Cocktailskleeder laanscht, déi dir an denge Brautjongfere kéinte gefalen. Esou gëtt d'Sich no engem Brautjongferekleed zu engem onvergiessleche gemeinsamen Erliefnis!


 

Bild von Ibrahim Boran aus Unsplash


Wichteg:

  • Fir dass eis Räck propper bleiwen, biede mir dech eis Räck onparfüméiert an ongeschminkt unzemoossen
  • Falls du schonn Accessoiren oder Schung hues, kanns du déi natierlech gäre prett hunn 


Mir freeën eis op dech!


 




E-Mail
Anruf
Karte
Infos
Instagram